Den Hollänner setzt sech am Sprint virum Wout van Aert an dem Jasper Philipsen duerch. Am General bleift de Wout van Aert un der Spëtzt.

E Sonndeg ass déi leschten Etapp vum Tour de France 2022 am Dänemark gefuer ginn. Den Hollänner Dylan Groenewegen huet sech no 182 flaache Kilometer zu Sønderborg am Massesprint virum Wout van Aert behaapt.

De Kevin Geniets ass mam Peloton als 39. ukomm. De Bob Jungels verléiert als 98. 39 Sekonnen. Den Alex Kirsch, deen ugeschloen an den Tour gestart ass, war an der Schlussphas ëmmer nees ze gesinn an huet wäertvoll Aarbecht gemaach fir seng Ekipp. Hie klasséiert sech um Enn als 171. op iwwer 3 Minutten.
Am General bleift de Wout van Aert am Maillot Jaune an huet e Virsprong vu 7 Sekonnen op den Yves Lampaert. De Geniets ass elo den 42., de Jungels den 49. an de Kirsch den 164..

Op der 182 Kilometer laanger Etapp vu Vejle op Sønderborg stoungen e Sonndeg d'Sprinter nees am Fokus. Ma och den Dän Magnus Cort Nielsen huet sech no der Echappée um Samschdeg och e Sonndeg nees fréi konnten ofsetzen, dat fir weider Biergpunkten ze sammelen. Et sollten och keng weider Coureuren hien an der Echappée begleeden, sou dass den Dän ouni Problemer weider Punkte sammele konnt, sou dass hien de "Maillot à pois" och a Frankräich op senge Schëlleren droe kann. Fir méi ass et um Sonndeg awer net duergaangen an esou ass den Dän ronn 50 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton nees agefaange ginn.

Dono waren et dunn d'Ekippen vun de Sprinteren déi fir den Tempo gesuergt hunn. 10 Kilometer viru Schluss ass et dunn zu enger Chutte komm. Och de Bob Jungels huet de Fouss kuerz vun der Pedall missen huelen an huet den Uschloss bis op d'Arrivée net méi fonnt. Hie verléiert um Enn 39 Sekonnen.

Fir am Peloton ass Decisioun am Sprint gefall. Do war den Dylan Groenewegen dee Séiersten. D'Plazen zwee an dräi ware fir de Maillot Jaune Wout van Aert an de Jasper Philipsen. De Peter Sagen klasséiert sech als 4..

Am General ass de Kevin Geniets ass den 42. op 1 Minutt a 5 Sekonnen. De Bob Jungels ass elo den 49. op 1 Minutt an 9 Sekonnen an den Alex Kirsch läit aktuell op der 164. Plaz mat engem Retard vu 5 Minutten an 58 Sekonnen.

Nom Roudag e Méindeg geet et e Dënschdeg a Frankräich mat der 4. Etapp fir d'Coureure weider.

De Replay vun der 3. Etapp

Resultat

General