ArcelorMittal liwwert nees a Russland; Minister Fayot wosst net Bescheed

De Stolproduzent ArcelorMittal, dee säi Sëtz zu Lëtzebuerg huet, liwwert nees Stolprodukter a Russland.
Des Produkter kommen aus dem betribseegene Wierk am Kasachstan, an deem 35.000 Leit beschäftegt sinn. Et geet an der Haaptsaach em Stol fir de Bausecteur.
D’Liwwerkette war duerch déi russesch Invasioun vun der Ukrain ënnerbrach ginn.
Och wann ArcelorMittal des Nouvelle bis elo net offiziell confirméiert huet, kréie mer vun enger Source, déi dem Stolris nosteet, gesot, dass d’EU-Sanktioune géint Russland net ëmgaangen géingen. Dat géif esou wuel den Akaf vu Matière Première ewéi och vu fäerdege Produkter betreffen.
En Donneschden huet sech de Wirtschaftsminister Franz Fayot op Nofro vum Piraten-Deputéierten Marc Goergen dozou geäussert.
Hie wéisst näischt dovunner, dass ArcelorMittal d’Intentioun hätt, Stol a Russland ze liwweren. Et wier wichteg, dass d’Betriber, déi hei am Land schaffen, sech konform zu den EU-Sanktioune verhalen an hie géing dovunner ausgoen, dass dat och op ArcelorMittal zoutrëfft.
Andeems ArcelorMittal iwwer Kasachstan liwweren, wieren d’EU-Sanktiounen an deem Sënn effektiv net dovunner betraff.
Den Piraten-Deputéierten Marc Goergen hat d’Fro an der Chamber am Kader vun engem neie Gesetz gestallt, dat zum Vote stoung. De Projet de Loi gesäit vir, dass besonnesch energieintensiv Industrien Aide kréien fir ze verhënneren, dass si an aner Länner ginn, wou d’Ëmweltoploe méi large sinn. Eligibel fir d’Aiden wieren Betriber, déi Aluminium, Stol a Koffer produzéieren. Eng 10 Betriber kënnen déi nei Hëllef an Usproch huelen. De Gesetzprojet gouf mat 53 Jo-, 2 Nee-Stëmmen a 4 Abstentiounen ugeholl.