De Lëtzebuerger Cyclist ass aktuell bei AG2R-Citroën ënner Kontrakt a wäert ë.a. nach d'Vuelta fueren. Fir déi nächst Saison steet awer e Wiessel un.

De Bob Jungels huet RTL gesot, datt seng Resultater aus dem Tour de Suisse a virun allem seng Etappevictoire am Tour de France d'Dier bei déi däitsch Ekipp opgemaach hunn.

Hien huet eis och nach gesot, datt hien dëst Joer nach d'Vuelta wäert fueren.

Reaktioun vum Bob Jungels
Privat Opname vum Lëtzebuerger Coureur.

Op der Homepage vun der Ekipp BORA hansgrohe steet, de Lëtzebuerger hätt ee Kontrakt iwwer e puer Joer ënnerschriwwen. Et soll sech ëm op d'mannst zwee Joer handelen.

Déi leschten zwee Joer ass hie bei AG2R-Citroën gefuer. Dëst Joer war de Bob Jungels den 12. am Tour de France an huet och eng Etapp gewonnen.

Bei BORA hansgrohe ass och schonns de Jempy Drucker gefuer.