Als Zweete fiert de Fransous Romain Cardis iwwert de wäisse Stréch. Déi drëtt Plaz geet iwwerdeems un de Belsch Stan van Tricht.

Op der éischter Etapp vum Tour de l'Ain duerch Frankräich ass et en Dënschdeg iwwert 152 Kilometer vu Châtillon-Sur-Chalaronne op Val-Revermont gaangen. No enger relativ flaacher Etapp sollt d'Decisioun ëm d'Etappevictoire um Schluss vun der Etapp an engem Sprint falen. Dëse konnt den 22 Joer jonken Englänner JakeStewart fir sech entscheeden. Op der zweeter Plaz ass de Fransous RomainCardis gelant, wougéint déi drëtt Plaz un de Belsch StanvanTricht gaangen ass.

De Lëtzebuerger LoïcBettendorff ass eng gutt Etapp gefuer a kënnt zäitgläich mam Vainqueur als 21. iwwert d'Zillinn. Déi aner Lëtzebuerger kommen allerdéngs mat Retard op der Ligne d'Arrivée un. De MichelRies fiert als 79. iwwert de wäisse Stréch mat engem Retard vun 2 Minutten a 16 Sekonnen. Den ArthurKluckers gëtt den 93. op 5 Minutten a 50 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 STEWART Jake 3:19:45
2 CARDIS Romain ,,
3 VAN TRICHT Stan ,,
4 SOUPE Geoffrey ,,
5 MARIAULT Axel ,,
6 SKJELMOSE JENSEN Mattias ,,
7 VENTURINI Clément ,,
8 KEUP Pierre-Pascal ,,
9 PICCOLO Andrea ,,
10 GIBBONS Ryan ,,
...
21 BETTENDORFF Loïc ,,
...
79 RIES Michel 2:16
...
93 KLUCKERS Arthur 5:50

D'Generalklassement

1 STEWART Jake 3:19:45
2 CARDIS Romain ,,
3 VAN TRICHT Stan ,,
4 SOUPE Geoffrey ,,
5 MARIAULT Axel ,,
6 SKJELMOSE JENSEN Mattias ,,
7 VENTURINI Clément ,,
8 KEUP Pierre-Pascal ,,
9 PICCOLO Andrea ,,
10 GIBBONS Ryan ,,
...
21 BETTENDORFF Loïc ,,
...
79 RIES Michel 2:16
...
93 KLUCKERS Arthur 5:50