Aus Lëtzebuerger Siicht waren am Zäitfuere keng Sportler am Asaz.

Fir d'MarlenReusser leeft d'Joer 2022 sportlech weider gutt. Nodeems si schonn am Tour de France eng Etapp gewanne konnt, sollt si e Mëttwoch hir gutt Leeschtung an dëser Saison mat enger Goldmedail kréinen. Am Zäitfueren ass déi 30 Joer al Schwäizerin no 24 Kilometer mam séierste Chrono iwwert de wäisse Stréch gefuer an huet Gold gewonnen. Si huet domadder hiren Titel verdeedegt.

Op der zweeter Plaz ass d'Hollännerin Ellen van Dijk gelant an dat denkbar knapp. Si huet fir de Circuit 6 Sekonne méi gebraucht.

D'Bronzemedail geet iwwerdeems och un eng Hollännerin. D'Riejanne Markus hate e Réckstand vun 28 Sekonnen.

Bei den Hären huet sech de Schwäizer Stefan Bissegger den Europameeschtertitel am Zäitfuere geséchert. Hien hat no de 24 Kilometer eng Avance vun enger Sekonn op säi Landsmann Stefan Küng. Bronze ass un den Italiener Filippo Ganna aus Italien gaangen. Hien hat e Réckstand vun 9 Sekonnen.

D'Klassement vum Zäitfueren - Top 10 (Dammen)

1 REUSSER Marlen Schwäiz 0:31:00
2 VAN DIJK Ellen Holland 0:06
3 MARKUS Riejanne Holland 0:28
4 CORDON-RAGOT Audrey Frankräich 0:53
5 KIESENHOFER Anna Éisträich 1:01
6 LABOUS Juliette Frankräich ,,
7 VAN DE VELDE Julie Belsch 1:31
8 SCHWEINBERGER Christina Éisträich 1:33
9 HARTMANN Elena Schwäiz 1:38
10 SKALNIAK-SÓJKA Agnieszka Polen 1:51

D'Klassement vum Zäitfueren - Top 10 (Hären)

1 BISSEGGER Stefan Schwäiz 0:27:06
2 KÜNG Stefan Schwäiz 0:01
3 GANNA Filippo Italien 0:09
4 BJERG Mikkel Dänemark 0:27
5 BODNAR Maciej Polen 0:37
6 HEALY Ben Irland 0:56
7 VAUQUELIN Kévin Frankräich 1:12
8 HULGAARD Morten Dänemark 1:13
9 VAN EMDEN Jos Holland 1:22
10 KANGERT Tanel Estland 1:26