Op der 2. Etapp iwwert 184 km vu Champcevinel op Ribérac konnt de Spuenier sech d'Etappevictoire sécheren an ass elo och den neie Leader.

Dobäi sollt d'Decisioun ëm d'Etappevictoire an engem grousse Massesprint falen. Dëst well de Peloton zesummen an de leschte Kilometer gaangen ass. Am Ganze sinn 127 Coureuren zäitgläich mam Spuenier Alex Aranburu iwwert d'Zillinn gefuer. Als Zweete konnt de Rumän Eduard-Michael Grosu iwwert de wäisse Stréch fueren. Den Drëtte gëtt de Fransous ClémentVenturini. De Lëtzebuerger Kevin Geniets kënnt als 14. iwwert d'Ligne d'Arrivée.

Am General huet den Alex Aranburu déi éischt Positioun iwwerholl. Do huet hien elo véier Sekonnen Avance op den zweete Julien Simon. Op der drëtter Plaz ass den Italiener Matteo Trentin. Dëst mat engem Retard vu fënnef Sekonnen. De Kevin Geniets huet e Mëttwoch véier Plazen am General verluer. Hei ass hien elo den 11. op 12 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 ARANBURU Alex Movistar Team 4:29:07
2 GROSU Eduard-Michael Drone Hopper - Androni Giocattoli ,,
3 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team ,,
4 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
5 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
6 SERRANO Gonzalo Movistar Team ,,
7 FIORELLI Filippo Bardiani-CSF-Faizanè ,,
8 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
9 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa ,,
10 MENTEN Milan Bingoal Pauwels Sauces WB ,,
...
14 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
106 RIES Michel Team Arkéa Samsic ,,

D'Generalklassement

1 ARANBURU Alex Movistar Team 8:28:35
2 SIMON Julien ,TotalEnergies 0:04
3 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates 0:05
4 GUÉGAN Maël Team U Nantes Atlantique ,,
5 GROSU Eduard-Michael Drone Hopper - Androni Giocattoli 0:08
6 URRUTY Maxime Nice Métropole Côte d'Azur ,,
7 DUJARDIN Sandy TotalEnergies 0:09
8 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team 0:10
9 CARISEY Clément Go Sport - Roubaix Lille Métropole 0:11
10 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa 0:12
11 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
...
110 RIES Michel Team Arkéa Samsic 0:14