En Donneschden ass et iwwert 181 Kilometer vun Donzenac op Malemort gaangen. Et war eng usprochsvoll Etapp, bei där d'Grimpeuren op hir Käschte komm sinn.

Kuerz virun der Arrivée konnt sech eng kleng Echappée mat 9 Coureuren duerch d'Bascht maachen. Dës Echappée sollt d'Decisioun ëm d'Etappevictoire ënnert sech ausmaachen. Am Schlusssprint konnt sech dunn den Diego Ulissi, deen am Joer 2020 de Skoda Tour de Luxembourg gewanne konnt, duerchsetzen. Souwuel de Belsch Greg van Avermaet op der zweeter Plaz, souwéi de Spuenier Alex Aranburu op der drëtter Plaz hu sech dem Italiener misse geschloe ginn. Allebéid si se mam gläiche Chrono wéi den Diego Ulissi ukomm.

De Kevin Geniets huet sech en Donneschdeg un der Spëtzt vun der Course gewisen. An der Mëtt vun der Etapp konnt hie sech mat zwee anere Coureuren ofsetzen. Allerdéngs ass den Trio erëm agefaangen an de Lëtzebuerger distanzéiert ginn, soudatt hien als 40. mat engem Retard vu 2 Minutten an 23 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch fiert. De MichelRies kënnt als 64. op 12 Minutten an 18 Sekonnen un.

Am General kann den Alex Aranburu seng éischte Plaz weider ausbauen. Do huet hien elo e Virsprong vun 8 Sekonnen op den Zweeten Diego Ulissi. Op der drëtter Plaz steet den Ament de Greg van Avermaet mat engem Retard vun 12 Sekonnen. De Kevin Geniets ass iwwerdeems de 14. op 2 Minutten a 36 Sekonnen. De Michel Ries läit op der 66. Plaz op 12 Minutten a 36 Sekonnen.

E Freideg steet déi lescht Etapp um Programm. Do geet et iwwert 174 Kilometer vu Saint-Laurent-sur-Gorre op Limoges.

D'Klassement vun der Etapp

1 ULISSI Diego UAE Team Emirates 4:22:03
2 VAN AVERMAET Greg AG2R Citroën Team ,,
3 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
4 MARIAULT Axel Team U Nantes Atlantique ,,
5 ZANA Filippo Bardiani-CSF-Faizanè ,,
6 ROTA Lorenzo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
7 MARTIN Guillaume Cofidis ,,
8 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ ,,
9 COSNEFROY Benoît AG2R Citroën Team ,,
10 COSTA Rui UAE Team Emirates 0:44
...
40 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:23
64 RIES Michel Team Arkéa Samsic 12:18

D'Generalklassement

1 ARANBURU Alex Movistar Team 12:50:34
2 ULISSI Diego UAE Team Emirates 0:08
3 VAN AVERMAET Greg AG2R Citroën Team 0:12
4 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ 0:13
5 ROTA Lorenzo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:16
6 COSNEFROY Benoît AG2R Citroën Team
7 MARTIN Guillaume Cofidis 0:18
8 ZANA Filippo ,Bardiani-CSF-Faizanè ,,
9 MARIAULT Axel Team U Nantes Atlantique ,,
10 COSTA Rui UAE Team Emirates 1:02
...
14 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:36
66 RIES Michel Team Arkéa Samsicm 12:36