D'Hollännerin huet sech no 164 Kilometer virum Lotte Kopecky an dem Silvia Persico duerchgesat.

Um zweetleschten Dag vun der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Wollongong an Australien huet sech d'Annemiek van Vleuten de Weltmeeschtertitel bei den Damme geséchert. No schwéieren 164 Kilometer a Reen huet sech d'Hollännerin no enger Attack op de leschte puer Honnert Meter virun hire Konkurrentinne behaapt.

Am Sprint huet sech d'Lotte Kopecky aus der Belsch Sëlwer geséchert an d'Silvia Persico aus Italien konnt sech iwwer Bronze freeën.

Fir déi 39 Joer al van Vleuten ass et deen zweeten Titel an der Stroossecourse no 2019. 2017 an 2018 hat si sech de berüümte Reeboutrikot am Eenzelzäitfuere geséchert.

Eng 10 Kilometer virun der Arrivée hate sech mam Liane Lippert, Elisa Longo Borghini, Cecilie Ludwig, Katarzyna Niewiadoma an Ashleigh Moolman-Pasio 5 Dammen un d'Spëtzt gesat. Nodeems si sech 25 Kilometer virun der Arrivée schonn emol ofsetze konnten, huet och dës Kéier d'Zesummenaarbecht net richteg geklappt, sou datt vun hannen nach emol e Grupp konnt opschléissen an an deem war och d'Annemiek van Vleuten. Mat engem gebrachenen Ielebou, no enger Chute am Zäitfueren, huet d'Hollännerin hir Chance genotzt a sech den Titel geséchert.

An der Course vun den Elite-Dammen ass och fir déi éischte Kéier iwwerhaapt d'Weltmeeschterin bei den U23 gesicht ginn. Hei huet sech d'Neiséilännerin Niamh Fisher-Black den Titel geséchert. D'Plazen 2 an 3 ware fir d'Georgi Pfeiffer aus Groussbritannien an d'Ricarda Bauernfeind aus Däitschland.

D'Nina Berton ass an der Course déi 73. op 15 Minutten an 51 Sekonne ginn. Bei den U23-Dammen ass et déi 18. Plaz.

D'Resultat vun der Course

1 VAN VLEUTEN Annemiek Netherlands 4:24:25
2 KOPECKY Lotte Belgium 0:01
3 PERSICO Silvia Italy ,,
4 LIPPERT Liane Germany ,,
5 LUDWIG Cecilie Uttrup Denmark ,,
6 SIERRA Arlenis Cuba ,,
7 LABOUS Juliette France ,,
8 NIEWIADOMA Katarzyna Poland ,,
9 CHABBEY Elise Switzerland ,,
10 LONGO BORGHINI Elisa Italy ,,
...
73 BERTON Nina 15:51

Hei fannt Dir déi komplett Resultater.