Kuerz no senger Schlussvictoire bei der Vuelta huet sech den 22 Joer jonke Belsch de Weltmeeschtertitel an der Stroossecourse geséchert.

De Remco Evenepoel huet bei der Weltmeeschterschaft am australesche Wollongong eng weider ganz staark Leeschtung a senger nach jonker Karriär gewisen. Den 22 Joer ale Belsch huet sech an der Stroossecourse de Weltmeeschtertitel geséchert. Eng 25 Kilometer virun der Arrivée hat sech den Evenepoel aus dem Stëbs gemaach, kee Konkurrent konnt deen Ament säi Rad nach halen.

No 266,9 Kilometer an 3.045 Héichtemeter hat den Evenepoel op der Arrivée eng Avance vun 2 Minutten an 21 Sekonnen. De Fransous Christophe Laporte huet sech am Sprint Sëlwer geséchert. Bronze war fir den Australier Michael Matthews.

Beschte Lëtzebuerger war de Kevin Geniets. Den FSCL-Coureur war no enger staarker Leeschtung bis zum Schluss an der Course ëm d'Medailen dobäi. Um Enn gëtt hien den 21. och op 2 Minutten an 21 Sekonnen. De Bob Jungels ass de 45. op 3 Minutten an enger Sekonn ginn. Fir de Luc Wirtgen war et déi 95. Plaz op 11 Minutten an 28 Sekonnen. De Colin Heiderscheid ass d'Course net op en Enn gefuer.

D'Reaktioun vum Kevin Geniets am Video
D'Reaktioun vum Kevin Geniets am Video.

2012 koum de leschte Weltmeeschter aus der Belsch. Deemools hat sech de Philippe Gilbert de Reboutrikot geséchert.

Mam Mathieu van der Poel war ee vun de Favoritte scho fréi an der Course eraus. Den Hollänner ass no ronn 30 Kilometer vum Vëlo geklommen. Hie war an der Nuecht virun der Course virleefeg vun der Police festgeholl ginn.

D'Top 10

1 EVENEPOEL Remco Belgium 6:16:08
2 LAPORTE Christophe France 2:21
3 MATTHEWS Michael Australia ,,
4 VAN AERT Wout Belgium ,,
5 TRENTIN Matteo Italy ,,
6 KRISTOFF Alexander Norway ,,
7 SAGAN Peter Slovakia ,,
8 BETTIOL Alberto Italy ,,
9 HAYTER Ethan Great Britain ,,
10 SKJELMOSE JENSEN Mattias Denmark ,,
...
21 GENIETS Kevin Luxembourg 2:21
45 JUNGELS Bob Luxembourg 3:01
95 WIRTGEN Luc Luxembourg 11:28