Mat hirem neiste Projet "Life, Love & Fragments" transportéiert d'Fabienne Hollwege d'Froe ronderëm d'Fra- an d'Fräisinn aus hirem éischte Buch op d'Bün.

An hirem éischte Buch "ToLive heißt Leben und Liebe heißt Love", eng Kollektioun vu verschiddenen Textzorten a Medien, thematiséiert d'Schauspillerin Fabienne Hollwege Froe ronderëm d'Fra- an d'Fräisinn.

Mat hirem neiste Projet "Life, Love & Fragments" huet si déi vill Sujeten, Texter a Lidder lo eraus aus de Buchdeckelen, erop op d'Bün transportéiert.
An engem Mix aus Theater, Lidderowend a Performance hëlt d'Fabienne Hollwege de Public mat op eng Rees duerch d'Héichten an Déifte vum haitegen Alldag als Fra.

Ee performative Concert – esou bezeechent d'Fabienne Hollwege selwer hire Büneprojet "Life Love & Fragments". Zesumme mam Regisseur Jonas Vietzke an de Museker Pol Belardi a Sven Sauber huet si eng Performance kreéiert, déi vum Spagat tëscht Rollen, Erwaardungen a Bedierfnesser erzielt.

Et ass ee Collage, deen de Spectateur vu Moment zu Moment Liewensphasen a Gefillslage materliewe léisst, déi jiddweree kennt.

Nach bis e Sonndeg, de 26. Februar 2023 inclus kann ee Life, Love & Fragments am Ariston gesinn, deem neie Sall vum Escher Theater.
Tickete ginn et iwwer www.theatre.esch.lu.