E Samschdeg ginn déi 18. Spiller vun de klenge Länner a Montenegro op een Enn.

De Schwëmmer Pit Brandenburger huet e Samschdeg den Owend um 21.30 Auer d'Éier de Lëtzebuerger Fändel bei der Ofschlosszeremonie ze droen.

De Pit Brandenburger huet sech ënnert anerem iwwer 1500, 400 an 200 Meter Crawl an der 4x 100 Meter Crawl Staffel d'Goldmedail geséchert. Iwwer 1500 Meter huet hien den nationale Rekord vum Raphaël Stacchiotti ëm iwwer 20 Sekonne verbessert. Och iwwer 400 Meter huet hien een neie Rekord realiséiert. Iwwer 100 Meter Crawl huet hie Bronz gewonnen. A Sëlwer gouf et mat der 4x 100 Meter 4 Nages Staffel.

Fir d'Lëtzebuerger Delegatioun waren et nees erfollegräich Spiller vun de klenge Länner. Och wann d'Kompetitiounen nach net ganz eriwwer sinn, steet scho fest, datt Lëtzebuerg nees op der 1. Plaz am Medaile-Spigel steet.