Wat bedeit et schwaarz ze sinn zu Lëtzebuerg? Enger Fro, déi eng europawäit Etüd bësse méi genau ënnert d'Lupp geholl huet.

Dat Ganzt gouf vun der EU Agency for fundamental Rights publizéiert an huet Donnéeën aus 12 Länner doriwwer gesammelt, wéi sech Léit mat afrikaneschen Originnen an de betraffene Länner fillen. Sou hu fir Lëtzebuerg 52% vun de Befroten uginn, dass si an deene leschte 5 Joer Affer vun enger Diskriminatioun gi sinn.

All 10. huet esouguer uginn, dass e scho mol rassistesch motivéiert Gewalt erlieft huet. Ëmmer erëm erliewe Mënsche mat enger anerer Originn oder Hautfaarf esou Situatiounen.

Wéi sech jonk Kapverdianer zu Lëtzebuerg fillen, domadder huet sech d'Mirlene Fonseca an hirer Masteraarbecht auserneegesat. Déi meescht géife sech zwar doheem hei fillen, mä effektiv ëmmer erëm mol rassistesch Bemierkungen erliewen.

Ënner Rassismus géif een all Zort vu Kategoriséiere vun enger Persoun verstoen oder dat metaphoresch an een Tirang stiechen. Sou ka jiddereen Affer vun enger Diskriminatioun sinn. Awer och jidderee kann Täter sinn. Dobäi géif et awer net dorëms goen, ee Schëllegen ze sichen. Et wär keng Konfrontatioun, mä sollt vill méi een oppent Gespréich sinn, sou d'Mirlene Fonseca.

Och d'Antonia Ganeto ass perséinlech scho méi wéi eng Kéier Affer vun enger Diskriminatioun ginn. Si ass am Alter vu 5 Joer op Lëtzebuerg komm.

Zanter den 1970er Joren huet sech awer vill geännert: Sou géif ee mëttlerweil éischter vu strukturellem Rassismus schwätzen. Dee wéist sech an Alldagssituatiounen, wéi bei der Aarbechts- oder Wunnengssich, an der Schoul oder op der Aarbechtsplaz. Am Fall vu strukturellem Rassismus hëllt een un, dass eng schwaarz Persoun kéint manner kompetent fir zum Beispill eng Aarbechtsplaz sinn. Wann och tatsächlech Gewalt oder direkt Insulten ëmmer manner ginn, ass strukturelle Rassismus mat all senge Virurteeler a Stereotyppe ëmmer nach present an eiser Gesellschaft.