Dat huet de COSL an engem Communiqué matgedeelt.

De Raymond Conzemius gëtt neien Directeur Technique vum Comité Olympique. De fréieren Héichsprénger iwwerhëlt d'Successioun vum Heinz Thews a wiesselt vum Direktiounsstull am Sportslycée op ee ganz wichtege Posten am Lëtzebuerger Sport.

Et huet ee sech laang Zäit geholl, fir dee richtege Successeur vum Heinz Thews ze presentéieren. Vum Profil hir sollt de Kandidat ënnert anerem ee Studium am Sportberäich hunn, Erfarung matbréngen an idealerweis sollt hien och Kenntnisser am Lëtzebuerger Sport hunn. Dat alles huet de Raymond Conzemius. Fir de President vum COSL, André Hoffmann, koumen awer nach e puer Faktoren dobäi, firwat dass de Choix op de Raymond Conzemius gefall ass.

Hien iwwerhëlt awer net direkt d'Successioun vum Heinz Thews. Dat huet ënnert anerem domadder ze dinn, dass d'Olympesch Spiller op dat nächste Joer verréckelt goufen.

De Raymond Conzemius wiesselt bei de Comité Olympique

De Raymond Conzemius fänkt den 1. November beim COSL un an den Heinz Thews geet dann den 1. Abrëll 2022 an d'Pensioun.