All 3 Joer gëtt jo e Lëtzebuerger Auteur mam Batty Weber Präis fir säi Lieweswierk ausgezeechent.

Batty Weber Präis 2020 - Reportage Bea Kneip

Dass de Präis fir 2020 un de Pierre Joris geet, ass schonn zënter méi wéi engem Joer bekannt, mä eréischt en Dënschdeg den Owend konnt de Poet, Essayist an Iwwersetzer, deen zu New York lieft a schafft, säi Präis am CNL entgéinthuelen.

Och d'Zeremonie fir de Batty Weber Präis huet coronabedéngt e puer Mol misste verréckelt ginn. En Dënschdeg den Owend konnt du bei wonnerschéinem Wieder am Park vum Mierscher Literaturhaus souguer e Public dobäi sinn. Musikalesch encadréiert gouf den Owend vum Nicole Peyrafitte an dem Pascal Delalée. D'Laudatio gouf vum Jean Portante gehalen, d'Kulturministesch Sam Tanson huet de Präis iwwerreecht.  Dobäi wollt de Pierre Joris et ugangs guer net gleewen, wéi hien am Abrëll 2020 Joer den Uruff vum Jury-President Claude Conter krut: "Ech sot: Claude, bass du sécher? weess du, wat fir en Dag haut ass? Et ass den 1. Abrëll!"

Et war natierlech keen Abrëllsgeck, mä vill méi eng Wierdegung fir e Literat, dee sech och international en Numm als Poet an Iwwersetzer gemaach huet. Scho fréi hat hien d'Decisioun getraff, fir haaptsächlech op Englesch ze schreiwen, beweegt sech awer och wéi selbstverständlech an anere Sproochen. Hien ass e grousse Bewonnerer vum Paul Celan, dem säi Wierk en op Englesch iwwersat huet, awer och d'Schrëftsteller vun der Beat Generation oder de marokkanesche Poet Mohammed Khair Eddine zielen zu sengen Aflëss. Dass hie grad de Batty Weber Präis krut, freet hie besonnesch: "Dëse Präis ass eebe fir deen Engagement vun engem ganze Liewen an der Literatur. An dat gefält mer."

RTL

© Christiane Kremer

Ee Wuert, dat souwuel an der Begrënnung vum Jury, wéi och an der Laudatio optaucht, ass "Nomad". De Pierre Joris ass en Nomad tëscht de Sproochen an de Kulturen: "Et ass e wonnerbaart Buch vun engem tuneesesche Schrëftsteller, dat heescht 'Le nomade immobile'. Dat ass de Schrëftsteller, dee bei sengem Dësch sëtzt, mä e reest am Schreiwen déi ganzen Zäit. Jo, ech sinn en Nomad, wann ech do sëtzen zu New York an ech schreiwen iwwer Lëtzebuerg, oder iwwer dëst an iwwer dat. An ech sinn et, wann ech op der Rees sinn."

Dass et mat der Rees op Lëtzebuerg elo awer nach geklappt huet, an hie säi Präis perséinlech konnt entgéinthuelen, dat huet de Pierre Joris besonnesch gefreet.

De Pierre Joris liest Fox-trails, -tales & -trots

Offiziellt Schreiwes

Remise du Prix Batty Weber 2020 à Pierre Joris (01.06.2021)
Communiqué par: ministère de la Culture


Mardi soir, lors d’une cérémonie qui s’est tenue au Centre national de littérature à Mersch, la ministre de la Culture, Sam Tanson, a remis le Prix Batty Weber 2020 à Pierre Joris pour l’ensemble de son œuvre. «Pierre Joris représente une vie dans les livres et avec les livres, dans les langues et avec les langues. Je suis heureuse de remettre ce prix au lecteur, poète, essayiste et traducteur – l’ami des mots Pierre Joris», se réjouit la ministre.

Pierre Joris (*1946), originaire d’Ettelbruck, vit et travaille à New York, mais se définit comme nomade voyageant entre les langues. Auteur, poète, performeur et traducteur, notamment de Paul Celan, il écrit essentiellement en anglais, mais procède aussi par «collages linguistiques». La vie, la langue de Pierre Joris sont «une géo-biographie», selon le laudateur de la soirée Jean Portante. Qui continua: «Il n’y a pas de racines, mais propagation, spread, il n’y a pas de verticalité, mais horizontalité. Il y a, et c’est un mot central pour comprendre ton écriture, rhizome.»

Le jury, composé de Vesna Andonovic, Claude D. Conter (président), Anne Diderich, Fabienne Gilbertz, Frank Hoffmann, Luc Marteling et Sébastian Thiltges a voulu distinguer «a crossover artist, a theorist of nomad art, a wordsmith and an optimistic utopian, who believes in the magic of language and who invigorates it — in times of rising nationalisms, Joris responds to insularity with the affirmation of mutual respect and dialogue.» La décision avait été prise en avril 2020, mais les restrictions de voyage transatlantique et les mesures sanitaires ont fait que Pierre Joris n’a pu se déplacer que cet été. Lors de la soirée, Pierre Joris, son épouse, l’artiste Nicole Payrafitte, et le violoniste Pascal Delalée ont donné une performance commune sur des textes de Pierre Joris.

«All writing, all poetry is a trek toward language, our other, the station, the staying in our passage through time. I am a space traveler trying to write myself into an oasis corner, an amen corner as I circumambulate the polis of my life span, stopping here and there», résuma Pierre Joris dans son discours, qui est publié dans la série Literary Talks (n° 07) du Centre national de littérature (ISBN 978-2-919903-90-0).

Le Prix Batty Weber a été créé en 1987 et récompense tous les trois ans un/e écrivain/e luxembourgeois/e pour la qualité littéraire, l’originalité et le rayonnement culturel de son œuvre complète. Ce prix national de littérature luxembourgeoise est doté de 10.000 euros.

Biographie complète de l’auteur ici: Pierre Joris - Luxemburger Autorenlexikon