Zwou Persoune si gestuerwen: e Mann vun 63 Joer an e Kand vun iwwer zwee Joer.

Wéinst medezineschen Noutfäll haten hir Famillen d’Urgencen-Nummeren ugeruff, sinn awer net duerchkomm.

D’Kand ass doheem gestuerwen, de Mann an engem Spidol, nodeems seng Partnerin hien dohi gefouert hat.

De franséische Gesondheetsminister Olivier Véran hat en Donneschdeg vu méiglechen 3 oder 4 Doudegen geschwat, no der Pann mat den Urgencen-Nummer. Et wär awer nach ze fréi, fir Conclusiounen ze zéien.