D'Ekipp vum Hansi Flick huet domadder weiderhi Chancë, sech fir d'Aachtelsfinallen ze qualifizéieren.

Am Grupp F gouf et iwwerdeems eng grouss Iwwerraschung. Marokko huet sech verdéngt mat 2:0 géint d'Belsch behaapt. Kroatien huet eng souverän 4:1-Victoire géint Kanada gefeiert. D'Kanadier sinn eraus aus dem Turnéier.

Beim Optakt vum zweete Spilldag um Sonndeg de Moien an der Grupp E hat sech Costa Rica iwwerraschend déi éischt dräi Punkte géint Japan geséchert. Spuenien bleift nom Remis mat 4 Punkten op der 1. Plaz an der Tabell an huet déi bescht Ausgangspositioun virum leschte Match.

De Resumé vun de Matcher vum Franky Hippert

Grupp E

Japan - Costa Rica 0:1
0:1 Fuller (81')

An den éischte 45 Minutte gouf et net vill Highlights an der éischter Partie vum Sonndeg. Costa Rica hat liicht méi Ballbesëtz a méi Ofschlëss, ma weder si nach d'Japaner hunn de Ball iwwerhaapt emol op de Gol kritt. Déi zweet Hallschent huet Japan sech gerappt an d'Kontroll vum Spill iwwerholl a si haten doduerch och däitlech méi Schëss. Ma den 1:0 koum net vun hinnen, mä vum éischte geféierleche Schoss vu Costa Rica op de japanesche Gol an dësem Match. Et war de Fuller, deen an der 81. Minutt säi Land a Féierung bruecht huet. Japan sollt an de leschte Minutten dëst net méi kënnen dréinen an esou mécht Costa Rica d'Grupp E emol virleefeg ganz spannend.

Spuenien - Däitschland 1:1
1:0 Morata (62'), 1:1 Füllkrug (83')

No der 1:2-Optaktnéierlag vun Däitschland géint Japan stoung d'Mannschaft géint Spuenien schonn ënner Drock. An enger intensiver an héichklasseger Partie hat Spuenien an der 1. Hallschent besser Chancen. An der 7. Minutt huet den Olmo just d'Lat getraff. Däitschland huet sech awer net verstoppt an hat och kleng Méiglechkeeten. An der 40. Minutt huet de Rüdiger de Ball no engem Fräistouss an de Filet gekäppt. De Gol gouf vum VAR oferkannt, well den Ofwierspiller minimal am Abseits stoung. No der Paus huet de Kimmich geféierlech op de Gol geschoss, de Simon konnt awer paréieren. Géint de Spillverlaf huet de Morata an der 62. Minutt den 1:0 fir d'Spuenier markéiert. Kuerz drop hat den Olmo eng grouss Chance, fir de Virsprong ze  verduebelen. Säi Schoss goung awer wäit driwwer. No engem dräifache Wiessel huet Däitschland offensiv nach emol alles probéiert. Ronn 20 Minutte viru Schluss hat de Musiala den Ausgläich um Fouss leien, de Simon konnt säi Schoss awer paréieren. Däitschland huet weider no vir gespillt an de Füllkrug konnt an der 83. Minutt ausgläichen. Kuerz viru Schluss huet de Sané déi lescht Geleeënheet verpasst, fir den 2:1 fir seng Faarwen ze markéieren. Mat engem Punkt bleift Däitschland op der leschter Plaz.

Grupp F

Belsch - Marokko 0:2
0:1 Sabiri (73'), 0:2 Aboukhlal (90+2')

Kuerz virum Ufank vum Match huet Marokko missen de Golkipp wiesselen. Dem Bono war et no der Nationalhymn net gutt gaangen, soudass de Munir huet missen asprangen. D'Belsch haten an der éischter Hallschent méi vum Match, bis op ee geféierleche Schoss vum Batshuayi hu si awer keng Golchancen erausgespillt. Marokko stoung hanne kompakt an huet iwwer Konteren déi eng oder aner gutt Méiglechkeet erausgespillt. Kuerz virun der Paus gouf e Gol vum Ziyech duerch de VAR annuléiert. Nom Säitewiessel war däitlech méi Tempo an der Partie an et ass hin an hir gaangen. Den Hazard op Säite vun de Belsch an de Boufal fir Marokko hunn hir Chancen awer net genotzt. Béid Ekippe wollte sech an där Phas net mat engem Remis zefridde ginn. An der 73. Minutt ass den Aussesäiter no engem Fräistouss mat 1:0 a Féierung gaangen. D'Belsch huet no vir alles probéiert, konnt sech awer just no Standardsituatioune kleng Chancen erausspillen. An der Nospillzäit huet den Aboukhlal op 2:0 erhéicht an den Deckel op d'Partie drop gemaach. Mat 4 Punkten huet Marokko elo eng gutt Chance, fir en Tour weiderzekommen. Fir d'Belsch ass mat 3 Punkten awer och nach alles dran.

Kroatien - Kanada 4:1
0:1 Davies (2'), 1:1 Kramaric (37'), 2:1 Livaja (44'), 3:1 Kramaric (70'), 4:1 Majer (90+4')

Kanada war vun Ufank un hellwaakreg um Terrain an huet no 2 Minutten duerch den Davies den 1:0 markéiert. De Favorit huet eng Zäit gebraucht, fir an de Match ze fannen. An der 37. Minutt ass dem Kramaric awer den Ausgläich gelongen. D'Kroate waren an der Suite iwwerleeën a konnten nach virun der Paus de Match komplett dréinen. De Livaja hat den 2:1 markéiert. Kanada huet nom Säitewiessel probéiert nees erunzekommen, d'Qualitéit huet awer am Spill no vir gefeelt. Op der anerer Säit huet de Kramaric mam 3:1 alles kloer gemaach. An der Nospillzäit huet de Majer nach op 4:1 erhéicht. Kanada ass eliminéiert, de Vize-Weltmeeschter Kroatien huet et am leschte Match an der eegener Hand, fir sech d'Gruppevictoire ze sécheren.

D'Tabellen am Iwwerbléck

Tabell