D'Ekipp vum Lëtzebuerger Ënnerwasserrugby (UWR) huet vum 25. bis de 27. November um Champions Cup zu Berlin deelgeholl.

D'Rout Léiwe koumen um Enn op déi 12. Plaz ënner 14 Equippen. Lëtzebuerg huet d'Erwaardungen iwwertraff a konnt géint staark an erfuere Géigner mathalen. Géint FIRS aus Florenz gouf et souguer eng Victoire. Bei de Männer hunn d'Orcas aus Kolumbien den Tournoi gewonnen.

Den Champions Cup ass een internationalen Tournoi, bei deem national Championen aus all Land géinteneen untrieden. Et war déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg deelgeholl huet.