Mam Christophe Flammang iwwerhëlt een ale bekannten de Poste vum Coach op der Sparta.

De laangjärege Jugendtrainer war bis elo dës Saison zu Bamberg, mä huet do aus perséinleche Grënn opgehalen.

De Flammang ass elo emol virgesinn, fir bis Enn der Saison Coach vun de Bartrenger Hären ze sinn.