Och op der leschter Etapp konnt sech de Jesus Herrada um Pabeierbierg duerchsetzen a gewënnt domadder och de General. Pit Leyder gëtt den 12. am General.

Laang war eng Echappée op der 4. Etapp iwwer 176 km vu Miersch an d'Stad vun 8 Coureuren ënnerwee déi sech um Kilometer 50 ofgesat haten mee de Virsprong sollt ni méi grouss wéi 3 Minutten sinn a soumat hat de Peloton d'Course ëmmer ënner Kontroll. Am Schluss war et d'Ekipp vu Wanty déi Tempo gemaach huet. Am Pabeierbierg gouf vill attackéiert an et war spannend ween dës Etapp wäert gewannen.

An de leschte Meteren war et dunn de Leader selwer, Jesus Herrada, deen attackéiert huet an dës Etapp dann och gewanne konnt virum Jonathan Hivert an dem ganz staarken Pit Leyder. Domadder huet d'Ekipp Cofidis an dësem Tour de Luxembourg 4 vu 5 Etappen gewonnen. Och de Kevin Geniets hat eng staark Prestatioun gewisen a gouf den 13..

Am General sëtzt sech soumat de Jesus Herrada mat engem Virsprong vu 25 Sekonnen op de Maurits Lammertink duerch. Drëtten gëtt den Andrea Pasqualon mat engem Retard vu 36 Sekonnen. Bëschte Lëtzebuerger gëtt de Pit Leyder mat der 12. Plaz op 1 Minutt an 20 Sekonnen.

AUDIO: De Pit Leyder um Mikro vum Jana Peters

Den Organisateur Andy Schleck huet e positive Bilan vun der 79. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg gezunn. Iwwert déi 5 Deeg huet een op de Lëtzebuerger Stroossen eng ganz spannend Course gesinn an dat ouni gréisser Tëschefäll.

AUDIO: Den Andy Schleck um Mikro vum Jana Peters
VIDEO: Herrada wënnt déi lescht Etapp an de General
Och op der leschter Etapp konnt sech de Jesus Herrada um Pabeierbierg duerchsetzen a gewënnt domadder och de General. Pit Leyder gëtt den 12. am General.

Presentatioun vun der Etapp

© Screenshot

De Resumé vun der Etapp

No knapp 50 km hat sech no e puer Versich schlussendlech eng Echappée gebilt an an dëser waren mam Sergio Rodriguez (Euskadi), Adrien Petit (Direct Energie), Delio Fernandez (Delko), Ludovic Robeet (Wallonie), Sjoerd van Ginneken (Roompot), Alessandro Tonelli (Bardiani), Philipp Walsleben (Corendon) a Colin Joyce (USA/Rally) 8 Coureuren vertrueden woubäi den Adrien Petit als 61. de beschten am Generalklassement war.

© Gilles Tricca

De Peloton huet d'Echappée awer net richteg zéie gelooss huet an d'Course kontrolléiert. Sou war de gréisste Ecart just ronn 3 Minutten an dat 60 km virun der Arrivée. Do war et dann och schonn virauszegesinn dat d'Echappée et net gif bis als éischt op d'Arrivée packen.

Am Schluss vun der Etapp war et haaptsächlech d'Ekipp vu Wanty déi Tempo gemaach hunn an doropshin ass de Virsprong vun der Echappée ëmmer weider geschmolt.

An de leschte Kilometeren gouf an der Stad nach eng kéier 4 mol e Schlussparcours gefuer an deem et och 4 mol de Pabeierbierg eropgaangen ass. An deem ass et an de leschte Ronnen dann och nach eng kéier héich hiergaangen an et gouf vill attackéiert sou dat de Peloton och auserneen gefuer ass.

Aus der Spëtzegrupp eraus konnt sech de Fernandez um éischte Passage um Pabeierbierg ofsetzen a konnt sech e Virsprong vun e puer Sekonnen op de Peloton erausfueren an huet en héijen Effort realiséiert. Hannendrun gouf awer vill attackéiert wou och de Kevin Geniets vir mat dobäi war.

Kuerz viru Schluss gouf de Fernandez vum reduzéierte Peloton ageholl an et ass den Herrada dee mat enger Accéleratioun konnt fortfueren an dës Etapp gewannen. Zweeten gouf de Jonathan Hivert virum ganz staarken Pit Leyder. Och de Kevin Geniets huet mat enger staarker Prestatioun op sech opmierksam gemaach a gouf den 13..

D'Resultat vun der Etapp

© Screenshot

De General no der Etapp

1 Jesús Herrada (Esp) Cofidis Solutions Crédits 17:41:49
2 Maurits Lammertink (Ned) Roompot - Charles 0:00:25
3 Andrea Pasqualon (Ita) Wanty - Gobert Cycling Team 0:00:36
4 Anthony Turgis (Fra) Total Direct Energie 0:00:37
5 Szymon Rekita (Pol) Leopard Pro Cycling 0:00:44
6 Baptiste Planckaert (Bel) Wallonie Bruxelles 0:00:47
7 Julien El Farès (Fra) Delko Marseille Provence 0:00:54
8 Jonas Rutsch (GER) Team Lotto - Kern Haus 0:00:54
9 Luca Wackermann (Ita) Bardiani CSF 0:00:58
10 Joaquim Silva (Por) W52 - FC Porto 0:00:59