E Samschdeg den Owend war an der Kufa den 10. Anniversaire vun der MultiMediArt asbl, eng Associatioun, déi sech fir d'Promotioun an den Verkaf vun Lëtzebuerger Musek asetzt.
Fir datt dann och gebührend ze féieren, hu si an Zesummenaarbecht mat der “Fondation Thierry van Werveke” eng CD erausbruecht, wou 13 Lëtzebuerger Museksgruppen ee Litt vum Thierry a senger Band NAZZ NAZZ gecovert hunn. Mat dobäi ware MOOF, MICHAEL SHEPHERD BAND, ETERNAL TANGO, PORN QUEEN, LOST IN PAIN, D’JUJU, LUCEED, TËSCHEGAS, MINDLESS ANGER, SILENT ANTAGON, UKUATA-K, HEAVY PETROL, THORAX.
Mat engem Concert vun den TUYS, LUCEED, D'JUJU a MOOF & guests ass de leschte Samschdeg, dës Lëtzebuerger Produktioun virgestallt ginn.
Hei ee puer Andréck vum Schluck vun der CD-Release Party an der Escher Kulturfabrik.