Zadar, un der Adria an Dalmatien, am Süde vum Kroatien, ass eng vun den neie LuxairTours-Destinatiounen, déi elo bis den 3.10. ëmmer Méindes an 1h40 ugeflu gëtt. Op enger Presserees vum 2. bis de 5.5. konnt sech de Camille Ney e Bild maache vun deem, wat den Tourist op der "beschter europäescher Destinatioun 2016" laut engem rezenten Award erwaard.
A senger Foto-Galerie gesidd Dir Biller vun der Plagendestinatioun Cavtat, der historescher Stad Dubrovnik, Ston mat senge bekannte Festungsmaueren, den Nationalpark mat de Wasserfäll vu Krka, déi historesch Stad Sibenik, Zadar an d'Séien vu Plitvice.