Almeria, am spuenesche Süden an östlech vu Malaga war scho viru 7 Joer am LuxairTours-Programm a gouf elo neess opgeholl, fir Destinatiounen ewéi Djerba, Antalya an Ägypten ze ersetzen. No 2 Stonnen a 35 Minutten ass een do an d'Luxair flitt de Summer bis zu 3mol an der Woch op Almeria. Déi 17 Hoteller sinn op Roquetas de Mar, Aguadolce an El Toyo verdeelt a bidden e gutt Präis-Leeschtungsverhältnis.
De Camille Ney war do an a senger Foto-Galerie gesidd Dir Biller vun der Alstad vun Almeria, der Plage vu Roquetas a virun allem aus deem wonnerschéinen Naturschutzgebitt Cabo de Gata.