An der zweeter däitscher Baseketballbundesliga huet Tréier och säin zweete Playoff-Match géint Nürnberg verluer an da mat 72 op 84. De Lëtzebuerger Thoma Grün huet e Mëttwoch den Owend an der Arena 21 Minutte gespillt an 8 Punkte markéiert.
Tréier krut 4 Leit mat 5 Feeler vum Terrain gesat. Si hu vill méi Faute gemaach, wéi déi Nürnberger a waren am Rebond ënnerleeën.
Wann Tréier elo den 3. Match e Freideg zu Nürnberg verléiert, ass d'Saison fir si eriwwer.