Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Si dierft als eng vun den erfollegräichsten Ausstellungen an d'Geschicht vum Land agoen: D'Expo ronderëm d'Gëlle Fra an hire Createur, de Claus Cito, an der Hal 75 zu Käerjeng. Um leschte Weekend dierft deen 30.000. Visiteur vun där net onëmstriddener Ausstellung gezielt ginn ... Fir Iech d'Decisioun, ob Dir se nach wëllt kucke goen oder et awer léiwer si loosst, méi einfach ze maachen, hei e puer Andréck aus den Ausstellungsraim.
Egal wéi: Fir nach méigelechst ville Leit d'Méigelechkeet ze ginn, d'Gëlle Fra vu ganz no ze kucken, goufen d'Ouvertureszäiten nach eemol adaptéiert:
E Freideg, 21. Januar an e Samschdeg, 22. Januar ass d'Expo vun 10 bis 20 Auer op. E Sonndeg, 23. Januar, also um allerleschten Dag, ass se vun 12 bis 20 Auer op. De Parking vum Cactus ass accessibel bannent den Ouvertureszäiten.
Eng Verlängerung vun der Expo ass iwwregens net méiglech, well d'Gëlle Fra schonns Enn Januar nees op hirem Sockel an der Stad stoe soll.
De Groupement d'intérêt économique vun der Lëtzebuerger Präsenz op der Welt-Expo zu Shanghai huet matgedeelt, datt d'Tranelux en Donneschdeg, 27. Januar d'Gëlle Fra zu Käerjeng ewechhëlt. Dee selweschten Dag gëtt an der Stad d'Gerüst opgeriicht, fir d'Gëlle Fra nees op hire Sockel ze setzen. D'Marbrerie Jacquemart huet dës Aktioun fir den Dag drop freides um 9 Auer ugesat, wann d'Wieder mat spillt.
Fotoen: Luc Marteling (si sinn datéiert op den 18. Januar)