D'Final vum Losch Sim Racing Challenge huet missen op e spéideren Datum verluecht ginn. Well jo awer schonn d'Kandidaten gutt trainéiert sinn, hu si awer d'Méiglechkeet fir dëse 25. November bei enger Course sech ze moossen.

Course vum 25. November 2021:

Déi 24 schnellsten Autorennfuerer konkurréiere an enger spannender Course géinteneen. Dës Course ass wéi an der Wierklechkeet. Soubal d'Luuchten ausginn, ginn d'Gewënner an enger Course am Live-Stream op RTL Play (play.RTL.lu) mat Live-Kommentator ermëttelt.

Wat ass E-Sports?

E-Sport bezitt sech op en direkte Concours tëscht mënschleche Spiller mat passende Video- a Computerspiller. Et gi fix Reegelen, d'Bestëmmung vun der sportlecher Leeschtung entsprécht net dem zoufällege Prinzip an d'Competitioune spille sech an engem reproduzéierbare Kader of.

Wat ass Sim Racing?

Ee vun dëse Beräicher vum E-Sport ass de sougenannte Sim Racing, d.h. dem Spiller realistesch Situatioune kreéieren, déi deene vun echte Coursen änelen. Stellt Iech vir, um d'Steierrad vun engem Rennauto ze sëtzen, dir fuert iwwer d'Streck a spiert d'Begeeschterung vun all Bremsvirgang. Sidd do a realiséiert är beschten Zäit am Courseauto!

Wat ass RaceRoom Experience?

All Spillplattformen hu verschidde Spiller déi ee Spiller spille kann. Mir hunn d'Software vu RaceRoom Experience ausgewielt. Et ass eng Rennsimulatiouns Software, déi engem d'Méiglechkeet bitt, fir gratis vun Doheem aus matzemaachen. Ufuerderunge sinn e PC an Zougang zu der Computerspill Plattform Steam, déi och gratis erofgeluede ka ginn.