En Freiden den 11. Mäerz vun 18:30 Auer trieden d'Finaliste vun der Losch Sim Racing Challenge géinteneen un. D'live Iwwerdroung mat Kommentaren op RTL Play fängt ab 18:30 Auer mam Qualifying un.

Sidd mat dobäi an erlieft wéi déi 18 schnellsten Autorennfuerer um Circuit vu Spa-Francorchamps an enger spannender Finall iwwer RaceRoom géinteneen untrieden.

D'Präisser déi et ze gewanne ginn:

1. Plaz: Porsche Experience am Wäert vun 3.500€
2. Plaz: Audi Experience am Wäert vun 1.500€
3. Plaz: E Weekend mat engem Auto vun der Mark: Volkswagen, Audi, SEAT, CUPRA, SKODA oder Porsche

Wat ass E-Sports?

E-Sport bezitt sech op en direkte Concours tëscht mënschleche Spiller mat passende Video- a Computerspiller. Et gi fix Reegelen, d'Bestëmmung vun der sportlecher Leeschtung entsprécht net dem zoufällege Prinzip an d'Competitioune spille sech an engem reproduzéierbare Kader of.

Wat ass Sim Racing?

Ee vun dëse Beräicher vum E-Sport ass de sougenannte Sim Racing, d.h. dem Spiller realistesch Situatioune kreéieren, déi deene vun echte Coursen änelen. Stellt Iech vir, um d'Steierrad vun engem Rennauto ze sëtzen, dir fuert iwwer d'Streck a spiert d'Begeeschterung vun all Bremsvirgang. Sidd do a realiséiert är beschten Zäit am Courseauto!

Wat ass RaceRoom Experience?

All Spillplattformen hu verschidde Spiller déi ee Spiller spille kann. Mir hunn d'Software vu RaceRoom Experience ausgewielt. Et ass eng Rennsimulatiouns Software, déi engem d'Méiglechkeet bitt, fir gratis vun Doheem aus matzemaachen. Ufuerderunge sinn e PC an Zougang zu der Computerspill Plattform Steam, déi och gratis erofgeluede ka ginn.