
© VASILY MAXIMOV / AFP
Virun zwee Joer ass Pokémon Go eraus komm. Zënter deem ass den Hype awer erof gaangen. Dat dierft sech awer elo mat deenen neien Updates geännert hunn!
- Pokémon tauschen mat Kollegen: Jo, endlech kann ee Kollegen adden a Pokémon tauschen
- All Dag nei "Quests" wou ee flott Beloununge kritt. Nom 7.Dag hannerteneen, kritt een dës Belounungen dann
- Speziell "Quests" wou een ee legendäre Pokémon ka kréien
- Beschenkt är Kollege mat Kaddoen déi ee bei Pokéstops kritt
- Mëttlerweil ginn et iwwer 360 Pokémon am Pokédex
- Pokémon, déi op enger Arena sinn, kennen a musse gefiddert ginn. Souguer vun doheem aus geet dat mëttlerweil
- Eegent Kampfteam erstelle fir Arenakämpf ass méiglech
- Arena Raids a villes méi
Et lount sech wierklech nees Pokémon Go ze spillen, fënnt op alle Fall 11F Gaming!
Am meeschte gelies