
© 11F Gaming
De Spiller vun dësem Event war zimlech kloer de "PotatoHunter", dee souwuel am Solo, wéi an der Ekipp mat 4 Leit konnt iwwerzeegen.
Ganzer 220 Spiller hu bei dësem éischte grousse 11F Gaming-Fortnite-Turnéier zu Munneref am Casino deelgeholl, zum Schluss, wuelverstanen no engem Marathon vu 24 Stonnen, konnten sech nëmmen déi beschte Spiller duerchsetzen.
Den Event gouf vun 11F an LGX organiséiert.

© 11F Gaming
Ganzer 3 Kategorië goufe gespillt: De Solo, also Eenzelspiller, den Duo, also zu 2 an zu gudder lescht d'Ekipp vu 4 Leit, de sougenannte Squad. Fortnite konnt iwwregens net nëmmen um PC, mee och op der Konsol gespillt ginn, vu dass d'Turnéier am Crossplay mat Punkt funtkionnéiert huet.

© David Winter (RTL)
Kategorie: SOLO (1 Spiller)
Am Solo konnt sech den "PotatoHunter" duerchsetzen. 2. Gëtt de "Nuno" an déi 3. Plaz kann sech den "Zaino" sécheren.

© David Winter (RTL)
Kategorie: DUO (2 Spiller)
Am Duo ass et d'Team "Taino-Nanzyh" dat sech géint seng Konkurrenten duerchsetze konnt. Plaz 2 geet un d'Team "Nuno-GTAFreak" an d'Team "Haadri-Pawzzy" kritt déi 3. Plaz.

© David Winter (RTL)
Kategorie: SQUAD (4 Spiller)
Last but not least d'Squads: Hei ass et d'Team "Broke" ëm de "PotatoHunter" déi d'Nues zum Schluss no enger gudder 1. an 3. Ronn vir hunn. Plaz 2 geet hei un Team "Nabil", Plaz 3 un Team "Haadro".

© David Winter (RTL)
Eng nächst Editioun wäert no dësem Succès wuel um Programm stoen, Detailer ginn et allerdéngs nach net.