Bethesda huet confirméiert, dass "The Elder Scrolls 6" an "Fallout 5" Singleplayer-Spiller wäerte ginn. Genee sou wéi Just Cause 4, wou et nei Infoe ginn.

The Elder Scrols 6 bleift e Singleplayer-Spill

Bethesda-Fans kënnen sech berouegen: The Elder Scrolls 6, fir dat et bis ewell nach keen offiziellen Numm gëtt, bleift e Singleplayer Spill!

Nodeems "Fallout 76" mat Multiplayer ugekënnegt gouf, ware vill Fans onzefridden domadder an hunn gefaart, dass ähnlech Schrëtt beim Fantasy-Game gemaach géife ginn.

Dass e Spill e Singleplayer-Modus huet, schléisst awer nach ëmmer net aus, dass d'Spill och e Multiplayer-Modus kéint kréien, wat jo scho Beispiller an der Vergaangenheet gewisen hunn.

Wat ass iwwert de verréckten Action-Shooter "Just Cause 4" gewosst

De néie Just Cause 4-Deel mam Rico Rodriguez, dee jo rezent op der E3 virgestallt gouf, soll al bewäerte Spillelementer enthalen, déi verbessert goufen a ganz vill Neies bidde wäert.

  • den RPG spillt sech an der fiktiver südamerikanesche Welt mam Numm "Solís" of
  • 4 Regioune ginn et: Reebësch, Wüst, „Grasland“ an Alpen
  • Spillelementer ewéi de Fallschierm, de Wingsuit an en néie Gräifhocken: alleguerten dës Objete goufe mat néie Funktioune verbessert
  • et muss an extreme Wiederkonditioune gekämpft ginn: riseg Tornadoen, Schnéistierm a Sandstierm
  • et wäert een d‘Méiglechkeet kréien, fir extrem vill Chaos ze suergen, zemools wärend engem Tornado, deen de Gameplay erschwéiere soll. Natierlech kann een nees mat vill Destruktioun an Interaktioun mat sengem Entourage rechnen
De 4. Dezember kënnt d'Spill eraus!