Am Kader vun dësem Event stelle mer iech een Team fir, nämlech dat vun 11F Gaming. Wat hei fir eng Preparatioun ufält gidd der hei am Interview gewuer!

En Donneschdeg den Owend sinn d'Finals am Handyspill Clash Royale. Wien sech e wéineg domadder auskennt, dee weess, dass dëst Spill, genee sou wéi vill aaner Spiller am Moment, op engem extrem héijen kompetitive Niveu gespillt gëtt.

Een Team, dat hei d'Nues fir bäi huet, ass d'Clash Royale-Ekipp vun 11F Gaming selwer. Wat esou en Team fir en Opwand ass, wéi een sech preparéiert a wou een als Ekipp histéiert, kënnt der hei am Interview mam Damien Kurek, dem Teamleader vun der 11F-Ekipp, noliesen.

Dësen Donneschden "Pizza Hut eLeague Finals" zu Féiz am Pizza Hut (ab 18h00). Gidd roueg laanscht, et ass gratis. 11F verdeelt T-Shirten a Kapen vun der "PH Gaming League"! Et gëtt 5 géint 5 gespillt.

Interview mam Damien Kurek

Wéi dacks traineiert dir?
Dat hänkt ganz dovunner of, op wei een Event mir eis virbereeden an wei wuel mir eis an der Meta fillen.
Mee mir probéieren obwuel mer ganz ënnerschiddlech Zäit hunn zesummen an och Individuell ze trainéieren an eis géigesäiteg ze hëllefen.

Wéi hutt dir iech als Ekipp kennen geléiert?

Kennen geleiert hunn mer eis op den gréissten Turnéieren am Land wou mer dann selwer des öfteren géingt en neen untrieden missten an wou een dann gesinn huet wei staark een ass.
Ausserdeem spillen ech och géint Leit déi entweder gutt Stats hunn, déi sech gutt fannen oder wou gesot gëtt se sinn gutt. Entscheeden mam Fabio ob deen dat néidegt Potential huet fir an eist Team ze kommen.

Wat sinn är Zieler fir déi nächst Méint?

Déi nächst Zieler sinn 2 Spiller vun eisem Team ESWC (Electronic Sports World Cup) ze kréien an do mat 1-2 en gudden Androck ze hannerloossen an ze weisen dass mir mathalen kennen.

Wat sinn deng Aufgaben als Teamleader?

Meng Aufgaben als Teamleader sinn et déi beschten Talenter hei am Land an eist Esports Team ze rekrutéieren. Mat hinnen ze trainéieren sou dass gutt Resultater eraus kommen. An fir dëst ze areechen ass eng gutt Stëmmung wichteg fir déi een suergen muss.

Wéi preparéiert dir iech op een Turnéier?

Virun engem Turnéier wëssen mer dass mer vill spillen mussen an schaffen un eisen Feeler. Mir soen een dem aneren wou Stäerkten an Schwächten leien fir dass een drun schaffen kann an sou déi bescht méiglechst Preparatioun vir dat Event huet.

Wat ass däin Liiblingsdeck op Clash Royale ?

Am Moment hunn ech keen richtegt Liiblingsdeck, mee ech hunn allgemeng Cycle oder Control Decks am léifsten.

Clash Royale ESpors Ekipp vun 11F ass immens jonk, ginn et vill Talenter hei zu Lëtzebuerg ?

Ech sinn frou dass se sou Jonk ass well een an dem Alter am schnellsten leiert. Talenter ginn et vill, et sinn der just vill déi et selwer net wëssen an doduerch Spill net sou eescht huelen wei se amfong missten fir um Top Niveau am Land oder International matzemaachen.