Fir d'Fans vun Division a CoD ginn et nei Rumeuren a News, fir d'Cyberpunk 2077-Fans heescht et Gedold weisen.

Cyberpunk 2077: Release eréischt an puer Joer

Den CD Projekt-President Adam Kicinski (The Witcher) sot, datt d‘Spill sech eréischt an der Pre-Alpha Phase befënnt.

Rumeuren no ass den Release net virum Joer 2021. Hei sinn net also nach Joeren déi een muss waarden, iert een sech d'Spill dann zouleeë kann. Mä Virfreed ass jo bekannterweis déi schéinste Freed.

The Division 2: Neies iwwert d'Ubisoft-Spill

Gutt Noriichte fir Solo Gamer bei The Division 2. Déi komplett Campagne ass am Solo-Mode spillbar, souguer Ingame-Aktivitéite wéi zum Beispill 8-Spiller-Raids. Ubisoft no huet Division 2 eng staark Campagne, mat ville Geheimnisser. Als Solo-Spiller huet ee vill z'entdecken. Dobäi komme permanent nei Inhalter fir dass d'Spiller net sou séier gelangweilt sinn. De 15.Mäerz 2019 kennt d'Spill eraus, dat op der neier "Snowdrop Engine" entstanen ass.

Call of Duty: Black Ops 4: Battle Royale Modus geleaked

Anscheinend sinn Detailer iwwert de Battle Royale Modus vu Black Ops 4 geleaked ginn.

Op engem Bild ass ze gesinn, dass een zu 2-60 am Battle Royale ka spillen. Also keng 100 wéi bei PUBG oder Fortnite. Op dat elo zu 100% stëmmt, ass schwéier soen.