De 7. Dezember kënnt de Battle-Royale Shooter fir d'Playstation eraus, knapp 1 Joer nom Release op der Xbox One.

Vun e Dënschdeg 13. November un ass et dann och méiglech d'Spill am PS-Store virzebestellen, dat an 3 verschiddenen Editiounen. Déi normal Editioun läit bei 29,99€, um Präis ännert sech also näischt.

Mat bei der PS4-Release kommen dann och eng Rei exklusiv Skins eraus, déi aus Sony-Klassiker kommen. Dat wann een d'Spill virbestellt:

  • e Skin vum Nathan Drake aus "Uncharted"
  • de Rucksak vum Ellie aus "The Last of Us"
  • e speziellen Avatar
  • e Miramar-Konsolen-Thema
  • e Fallschierm mam PlayStation-Logo.

Geplangt ass d'Spill iwwregens schonn zënter Ufank 2018, ma et wollt een als éischt emol de Start op der Xbox ofwaarden an déi verschidden "Chantieren", déi nach am Spill waren, aus dem Wee schafen.

Kléngt natierlech no enger fauler Ausried an et gëtt éischter spekuléiert, dass de Publisher Bluehole wuel en Deal mat Microsoft ofgeschloss huet, deen ënnert anerem och Exklusivrechter um Spill fir e Joer virgesinn huet.

D'Reaktioune bei der PS4-Community waren dohier och éischter gespléckt. Vill PS4-Usere soen, dass se eventuell virun 18 Méint frou gewiescht wieren, fir d'Spill ze zocken. Mëttlerweil géife Spiller wéi "Call of Duty: Black Ops 4" an natierlech "Fortnite" Battle Royale Spiller représentéieren, "PUBG" wier net méi néideg gewiescht.