Vu Moies 10 bis Owes 20 Auer kann een déi neiste Spill-Relesen op Switch, Xbox One a PS4 untesten.

Geduecht ass dësen Event virun allem fir de Gaming-Public, deen sech nach net zu 100% sécher ass, wéi eng Spiller oder wéi ee Spill sech soll zougeluecht ginn. 11F Gaming proposéieren dohier an der Galerie vun der Belle Etoile eng 8-10 Spiller déi an de leschte Wochen erauskomm sinn.

All Dag gëtt et dann och eng sougenannten "Challenge of the Day", sief dat elo eng Course déi muss am séierste gefuer ginn, respektiv e Beat the Pro oder e "Jeux technique" am FIFA19, déi séierste Ronn am Mario Kart, déi meeschte Stären am Mario Party oder e Speedrun am Crash Bandicoot. Et ginn natierlech vill Präisser ze gewannen, dorënner och déi Spiller, déi een d'Woch iwwer unteste kann.

Da wäert et e Samschdeg natierlech och eppes a puncto Esport ginn:

Engersäits kann een sech de Weekend op e Super Smash Bros. Turnéier freeën. Hei gëtt 2 géint 2 am Team gespillt.

An op der Main Stage ass de Fifa National Cup am FIFA 19, d'Coupe de Luxembourg sou ze soen. 32 Spiller an 2 Wildcards, déi un de Ciscinho an den Diogo gaange sinn, wäerten hei untreiden.

Hei eng Iwwersiicht: déi 16 bescht pro Quali si weider komm a spillen de Weekend um National Cup.

E Freideg gëtt dann nach e Clash Royale Turnéier gespillt, dat mat engem Price-Pool vu 500€.