Vun en Dënschdeg un kann een endlech Red Dead Redemption 2 online zocken, awer nëmmen ënnert bestëmmte Konditiounen.

Et ass endlech sou wäit, d'Datumer fir den Online-Mode fir Red Dead Redemption sinn eraus. Allerdéngs wäert net jiddwereen zum selwechten Zäitpunkt kënne lassleeën, nëmmen déi Leit, déi Besëtzer vun der Ultimate-Edition sinn, kënnen de 27. November d'Beta spillen.

Gamer déi d'Spill de 26. Oktober ugefaangen hu mat spillen, kënnen dann den Dag drop, also den 28. November den Online-Mode genéissen.

Alleguerten déi Leit, déi Red Dead 2 tëscht dem 26. Oktober an dem 29. Oktober gezockt hunn, leeën dann de 29. November lass.

Den 30. November, also e Freideg wäert et da Jiddwerengem méiglech sinn, mat senge Kollegen online de wëlle Westen onsécher ze maachen.

Wat wäert et fir nei Modes ginn?

- En Editor fir säi Charakter méi ze personaliséieren
- Et kann een eng Ekipp vu bis zu 7 Spiller zesummestellen. Mat dëser Trupp kann een dann zesumme PvP a PvE zocken
- Den Online-Mode hëlt déi komplett Map an, also déi nämmlecht déi een och am Single-Player-Mode huet

Rockstar Games erënnert nach eemol kloer, dass et wéi gesot eng Beta ass, also nach ëmmer e "work in progress". Dohier sinn och net alleguerten d'Aktivitéite bis e Freideg aktiv.

Modes déi schonn de 27. November wäerten accessibel sinn, sinn:

- Joen a fëschen
- PvP mat anere Gangs an Attacken op aner Lageren
- D'Sich no Schätz
- Missiounen
- Kämpf géint aner Spiller a verschidde Kampf- a Battle-Varianten

Rockstar versprécht weider d'Spill reegelméisseg ze updaten a rifft d'Gamer op Feedback am Social Club vum Spill ze ginn.