E neit Joer heescht och natierlech eng ganz Partie u neie Spiller, déi wäerten erauskommen. Wat ass bis ewell u neie Releasen fir Konsole gewosst?

An dëser Lëscht sinn iwwregens just Spiller dran, bei deenen schonn e geneeën Datum, respektiv op mannst de Mount vun de Release gewosst ass.

Natierlech kommen hei nach Spiller dobäi, respektiv et kënnen sech Datumer änneren.

Januar

Am Januar dominéiert virun allem de Release vu "Kingdom Hearts 3" um Enn vum Mount. Dëst Spill, dat jo schonn zënter laangem erwaart gëtt an bei senger Presentatioun op der E3 2018 säin Héichpunkt erreecht huet, huet eng riseg Fan-Community a wäert och de Fokus vum Mount dohier sinn.

Weider Releasen, ouni se all ze nennen, sinn New Super Mario Bros. U Deluxe (Switch, 11.01.19), The Walking Dead:The Final Season - Episode 3 (PC, PS4, XboxOne, 15.01.19), Ace Combat 7: Skies Unknown (PS4, XBoxOne, 18.01.2019), Life is Strange 2 - Episode 2 (PC,PS4, XboxOne, 24.01.19) an natierlech de Remake vu Resident Evil 2 (PC, PS4, XboxOne, 25.01.19).

Februar

Am Februar dierften dann eng ganz Partie grouss a wichteg Spiller erauskommen, dozou gehéieren Far Cry New Dawn (PC, PS4, XboxOne, 15.02.19), Metro Exodus (PC, PS4, XboxOne, 15.02.2019) an Anthem (PC, PS4, XboxOne, 22.02.2019). Aner Spiller déi erauskommen sinn Anno 1800 (PC, 26.02.19) oder och nach Trials Rising (PC, PS4, XboxOne, Switch, 12.02.19).

Mäerz

An dësem Mount ass et virun allem de Release vun The Division 2 ( PC, PS4, XboxOne, 15.03.19) deen fir héich Wellen dierft suergen. Weider Titelen sinn Dead or Alive 6 (PC, PS4, XboxOne, 01.03.19)Total War: Three Kingdoms (PC, 07.03.19), Devil May Cry 5 (PC, PS4, XboxOne, 08.03.19) an Tropico 6 (PC, 29.03.19).

Abrëll

Days Gone (PS4, 26.04.19) wäert wuel de groussen Titel vum Abrëll sinn. Awer och Mortal Kombat 11 (PC, PS4, XboxOne, 23.04.19) wäert wuel d'Fans vun der Fighting-Serie an Extas versetzen. Fir d'Amateuren vun Indie-Spiller kënnt de laang erwaarten Super Meat Boy Forever (PC, PS4, XboxOne, Switch) eraus, e geneeën Release-Dag gëtt et awer nach net.

Mee, Juni an August

Wat et méi an d'Joer erageet, wat natierlech d'Releasen ëmmer méi ausdënnen. Ervirzehiewen sinn awer ganz kloer Rage 2 (PC,PS4, XboxOne, 14.05.19), Crash Team Racing Nitro Fueled (PS4, XboxOne, Switch, 21.06.19) a Shenmue 3 (PC, PS4, 27.08.19).