Fir elo schonn déi 3. Kéier ginn d'SprinGames am Kader vun der Spingbreak an der Luxexpo "The Box" organiséiert, dat natierlech mat engem volle Programm.

Och fir d'Gaming-Fans wäert et dëst Joer nees e volle Programm op der Spingbreak (fréier Fréijoersfoire) ze fanne sinn, dat op de SprinGames 2019, organiséiert vun 11F Gaming an enger ganzer Partie Partner. Wéi gesot, ass dëst elo schonn déi 3. Editioun vun de SpinGames, dat verdeelt op ganzer 450 Quadratmeter an der Luxexpo "The Box".

AUDIO: De kompletten Interview mam Fabio De Aguiar vun 11F Gaming

Natierlech wäerten wéi gewinnt nees Gaming-Shops op der Plaz sinn, dat vu Saturn a vum Reservoir. Hei kann een sech dann beispillsweis Gaming-T-Shirten oder Kapen kafen, awer och Material fir de Gaming selwer a natierlech Spiller.

Ma och virtuell Realitéit wäert natierlech op de SprinGames representéiert sinn, dat an Zesummenaarbecht mat "iHelef", engem lëtzebuergeschen Online-Service. Hei gëtt dann e Stand opgeriicht, op deem d'Visiteuren d'VR-Erfarung selwer kënnen ausprobéieren an erliewen, esou de Fabio De Aguiar vun 11F Gaming.

AUDIO: Virtual Reality an Zesummenaarbecht mat iHelef

E weidere Volet bleift natierlech de Retrogaming, deen natierlech och nees présent wäert sinn a wou d'Leit dann nees dierfen nostalgesch ginn an al Konsolen wéi NES, Sega Mega Drive oder Nintendo 64 zocken.

Da wäerten et, wéi bei 11F Gaming gewinnt, och nees eng ganz Partie Challengen ginn, dorënner eng MSI-Challenge, iwwert déi de Fabio awer zu dësem Zäitpunkt nach näischt verrode wëll. Dann wäert et och eng DJ-Hero-Challenge ginn, also ähnlech wéi Guitar-Hero, just amplaz vun enger Gittar muss een op engem DJ-Pult zocken.

Weider sinn och PC'en op der Plaz fir dann do kënnen Apex Legends oder Fortnite ze zocken.

5 Turnéieren op de SprinGames 2019

11F Gaming ouni Esport geet natierlech op kee Fall, sou dass och nees Turnéieren am Kader vum kompetitive Gaming wäerten op de SprinGames ustoen. D'Spiller déi hei wäerten ustoen sinn: Brawl Stars, Clash Royale fir d'Mobile Games an FIFA 19, Rocket League an Super Smash Ultimate an Zesummenaarbecht mat Sweet Spot, déi Associatioun fir Smash zu Lëtzebuerg.

D'Detailer iwwert d'Turnéieren, sou wéi d'Datumer gëtt de Fabio vun 11F Gaming:

AUDIO: Wéini si wéi eng Turnéieren? De Fabio vun 11F erkläert!

Freideg 15. Mäerz:             BRAWL STARS (Royal Family eSports)

Samschdeg 16. Mäerz:       FIFA 19(11F Gaming / Team Slick)
                                           SMASH BROS. ULTIMATE (SweetSpot Asbl)

Sonndeg 17. Mäerz:           CLASH ROYALE (Royale Family eSports)
                                           ROCKET LEAGUE (11F Gaming)

Gratis Ticketen fir op d'Springbreak ginn et um offizielle Site vun der Springbreak 2019. Fir all weider Infoen geet een op den offizielle Facebook-Site vun de SprinGames.