Sony gëtt éischt offiziell Detailer zu hirer neier Konsol eraus

Am Joer 2020 soll déi nei Konsol vu Sony erauskommen. Op der E3 wäert Microsoft jo spéitstens éischt Detailer zu hirer New-Gen-Konsol presentéieren.
Sou soll d'Architektur aus enger 8 Kern AMD 7nm Zen 2, baséierend op der drëtter Ryzen-Generatioun, bestoen. Da soll et eng Ray-tracing-Ënnerstëtzung via AMD Navi GPU ginn.
Den Audio wäert ee groussen Upgrade kréien. De Klang soll däitlech verbessert ginn. De Sound soll vun uewen, ënnen, riets a lénks kommen, och op ganz normalen TV-Sets. D'Kopfhörer sollen awer am meeschten dovunner profitéieren.
Een extrem schnellen High-End SSD Späichersystem kennt. An engem Open World Spiller soll een ënnert enger Sekonn "Fast-Travelen" kennen.
Et kennt eng nei VR Plattform, déi awer och déi aktuell PS VR ënnerstëtzt. D'PS5 ass säit 4 Joer an Entwécklung. Release ass wuel 2020.