Vasily kann elo seng Fäischt erëm "schwätze loossen".

Wéi Buka Enterainment a Ravenscourt matgedeelt hunn, kritt een d'Spill "Redeemer: Enhanced Edition" vun elo u physisch a digital fir d'Playstation 4, d'Xbox One, d'Nintendo Switch an d'PC ze kafen.

D'Spill ass eng modern Adaptatioun vum "Brawler-Genre".  Dobäi musse sech d'Gamer mat Fäischt, Hummeren a Waffen duerch hir Feinden kämpfen.

Donieft ass d'Spill, dat éischt iwwerhaapt, dat Buka Enterainment op Konsole verëffentlecht. Dëst ass fir d'Firmaen ee Meilesteen.