"Beyond: Two Souls" vu Quantic Dreams ass fir déi éischte Kéier och fir de PC verëffentlecht ginn.

D'Action-Psycho-Thriller-Spill Beyond: Two Souls begeeschtert zënter Oktober 2013 Gamer op der Playstation 3, souwéi och spéider Gamer vun der Playstation 4 (PS4-Gamer zënter 2015).

Elo huet den Entwéckler Quantic Dreams d'Spill, dat oft gelueft gouf, endlech iwwer den Epic Games Store fir de PC verëffentlecht.

D'Spill kritt een ee Joer laang am Store fir 19,90€ ze kafen. Deejéinegen, dee sech fir d'PC-Versioun entscheet, kritt d'Haaptspill inklusive den "Advanced-Experiments-DLC".  Dëst enthält eng Trainingsmissioun fir den Haaptcharakter Jodie a säin Begleeder Aiden.

Dem Quantic Dreams no gëtt et och eng visuell Optimiséierung, mat enger Opléisung vu bis zu 4K. D'Spill leeft och mat bis zu 60 FPS.