Am Chibi-Look kämpfe Cloud, Barret a Tifa géint de Kampfroboter vu Shinra. Dëst ass net déi éischte Kéier, datt Fans hir Liiblingsspiller kopéieren.

Mat Dreams kann een elo Final Fantasy 7 Remake scho virum Release spillen. Den neien Titel vum Little Big-Planet-Maacher gëtt Spiller d'Méiglechkeet, seng eege Levelen ze bauen. Den Dreams-Notzer "sosetsuken5360" huet soumat den "Airbuster-Bosskampf" aus dem neien Trailer vum Remake nogebaut.

Den Design vun den Haaptfigure gläichen den Originalen. Och kann een tëschent déi 3 Charaktere wiesselen. Fir all dëst ze erlaben huet den Dreams-Notzer een HUD entwéckelt.

D'Spill Final Fantasy 7 Remake kënnt den 3. Mäerz 2020 op de Maart.