Ginn eeler Leit mat therapeutesche Videospiller geeschtlech a kierperlech méi fit?

Dëst gëtt zanter en Donneschdeg vu Awunner vum Altersheem Johanna-Kirchner-Haus zu Saarbrécken getest. 6 Spiller, bei deenen d'Beweegunge vun de Spiller mëttels enger Konsol op de Bildschierm iwwerdroe ginn, stinn zur Auswiel: Danzen, Keele spillen, Dëschtennis, Motorradfueren, Bréifdréier a Sangen.

A ganz Däitschland maachen 100 Altersheemer bei der Studie mat, zwee dovunner am Saarland.

De Präventiounsprojet gouf vun der Krankekeess Barmer an dem Hamburger Spillentwéckler Retrobrain an d'Liewe geruff. D'Spiller goufen op wëssenschaftlecher Grondlag entwéckelt.

D'Gesondheetsministesch Monika Bachmann (CDU) sot zum Projet: "Prävention durch digitale Medien wird in unserer Gesellschaft, in der die Digitalisierung künftig eine weitaus größere Rolle spielen wird, ein dauerhaft wichtiger Baustein sein."

D'Spillkonsol "memoreBox" ass ee gutt Beispill, datt d'Chance vun der Digitaliséierung och vun eelere Mënsche genëtzt ka ginn.

Dem Entwéckler Retrobrain no loosse sech d'Spiller mat liichte Kierperbeweegungen am Sëtzen oder am Stoe steieren. D'Studie gëtt vun der "Universitéitsmedizin vun der Charité Berlin", der "Humboldt-Universität-Berlin" an der "Alice-Salomon-Hochschule-Berlin" begleet.

No éischte positiven Resultater vun eelere Berliner an Hamburger Leit ass deen "digitale Gesondheetstraining" fir Awunner vun Alters- a Fleegeheemer em d'Rulle bruecht.