An dëser Folleg hu mir de Yakuza Spin-off Judgment, wou et gewinnt verréckt ofleeft, an Dragon Quest Builders 2, d'Fortsetzung vum Square Enix Minecraft.

Judgment ass vum Grondprinzip dat nämmlecht wéi seng Serieverwandten, mam Twist dass een elo och Ermëttlungsaarbecht erleedege muss. Och wann et manner Niewenaktivitéite wéi an de Virgänger ginn, ass d'Spill selwer qualitativ e Schratt no vir.

Dragon Quest Builders 2 huet wéi den éischten Deel de Minecraft-Prinzip mat der beléifter Rollespill Welt vun Dragon Quest verbonnen, wat fir deen een oder anere vläicht méi Motivatioun bitt. Och wann d'Kämpf kee richtegen Highlight sinn, gëtt ee vum Spill fir säi Fläiss belount.