Wéi Game Radar schreift, soll et schonn eng Presentatioun am Februar 2020 ginn.

E geneeën Datum gëtt et och schonn, an zwar den 12. Februar 2020. Ufanks war et jo quasi sécher, dass déi nei Konsol vu Sony eréischt am Summer virgestallt gëtt. Game Radar stäipt sech hei op Informatiounen vun engem NeoGAF-User, deen Zougang op intern Maile vu Sony huet. Op deem Dag huet Sony dann och fir e groussen Event, de "Playstation Meeting 2020" z'organiséieren.

Dëst dierft awer näischt um Start-Datum vun der Playstation änneren, deen jo fir Enn 2020 virgesinn ass.