No "Super Mario Run" steet och "Mario Kart Tour", e weidere potentiellen Hit fir Smartphonen, an de Startlächer.

D'App ka gratis erofgeluede ginn, dat fir iOS an Android. No enger laanger Betaphas a Japan an an den USA, gëtt de Projet elo konkret. De 25. September 2019 ass de Stéchdatum fir béid Plattformen. Kuerz no 10 Auer wollten esou vill User d'App eroflueden, dass d'Servere schonn no kuerzer Zäit iwwerlaascht waren.

Wéi am Virfeld schonn ugeholl gouf, soll et eng sougenannte Free-to-Play-App ginn, allerdéngs just fir d'Basisspill. Weider Gimmicken an Extrae muss den Notzer awer da bezuelen. Och an der Testphas gouf dësen extrem onbeléifte Pay-to-Win-Prinzip staark kritiséiert. Wéi et nämlech heescht, kënnen d'Spiller Geld an Autoen, Chauffeuren an aner Supplementen investéieren an esou hir Chancen erhéijen, fir ze gewannen. Et soll och eng Zort System ginn, deen dozou féiert, dass een heiansdo just eng Course pro Stonn fuere kann. Wann een da méi dacks fuere wëll, muss een d'Kreditkaart zécken. Op dat Ganzt schlussendlech esou am Spill wäert sinn, mussen d'Gamer selwer erausfannen.

Sécher ass, dass d'App mat just engem Fanger ka gespillt ginn. Nieft klassesche Mario-Kart-Pisten, wäerten och Strecke vu richtege Stied bäikommen.