De bekannte Fortnite-Streamer Tyler Blevins, besser bekannt ënnert sengem Numm "Ninja", gëtt elo massiv vun Adidas ënnerstetzt.

D'Firma wëll eegenen Aussoen no mat dësem Deal weisen, dass en si un den E-Sport gleewen an sech wëllen dofir asetzen. Am Ganze ginn et weltwäit 2,3 Milliarde Gamer an Adidas huet sech op de Fändel geschriwwen, dës riseg Community z'ënnerstëtzen.

Adidas sponsert schonn elo professionell E-Sport-Teams, wat allerdéngs speziell ass, ass dass mam Ninja elo den éischten eenzelen E-Sportler e Kontrakt bei der bekannter Mark ënnerschriwwen huet. Sou wäerten och elo seng Fans e wuel méi dacks mat Kleeder vun Adidas gesinn.

Dës Annonce kënnt iwwregens nëmme puer Wochen, nodeems de Ninja vun Twitch bei d'Alternativ Mixer vu Microsoft gewiesselt ass. Mam Streame verdéngt hien e puer Milliounen Dollar am Joer.