Sony huet dës elo kloergestallt: Et géif ganz offiziell "Kräiz-Tast" heeschen, eppes dat vill Leit géint Schinnebee stéisst. Wéi sot dir?

De Schock sëtzt déif op de sozialen Netzwierker, nodeem elo offiziell kloer gestallt gouf, dass den ënneschte vun de 4 Knäppercher op enger Playstation-Manett"Kräiz-Tast" (Cross-Button) a net, wéi vill Leit schonn zënter Joerzéngte soen," X-Tast".

Verantwortlech fir dës Opreegung ass dat britescht Playstation Team, dat matgedeelt huet, dass den X technesch gesinn e Kräiz duerstellt. Déi véier Symboler op den Taste wieren alles geometresch Begrëffer, also Quadrat, Dräieck, Krees an ebe Kräiz.

Als Géigenargument soen d'Fans allerdéngs, dass souguer an de Gebrauchsuweisunge vun X-Tast geschwat gëtt. Och bei der Xbox oder der Switch geet offiziell riets vun enger X-Tast.

De japaneschen Hiersteller hält awer knallhaart u senger Kräiz-Tast fest. Vill Fans kënnen dat awer net akzeptéieren, well ee bei engem Kräiz dacks un en T-fërmegt Symbol a net un en X-fërmeft Symbol denkt.

Wéi nennt dir dës Tast ëm déi et geet, är Meenung zielt!