E Blind Date muss net ëmmer romantesch verlafen. Fir déi, déi net op kitscheg, mä grujeleg Saache stinn, ass d'Videospill vun Tinder genau dat Richtegt.

D'Grënner vun der Dating-App hunn an den USA en interaktiivt Videospill entwéckelt, fir d'Blind-Date-Erfarungen e Stéck méi interessant ze gestalten. D'Figure sti kuerz virun engem Weltënnergank-Zeenario, an dat net ouni Grond: "Mol éierlech, wa mir wéissten, dass d'Welt ënnergeet, da wéilte mir och net eleng sinn", sou d'Entreprise e Freideg.

"Swipe Night" soll deemno vum 6. Oktober un all Sonndegowend eng Grupp vu Frënn uweisen, déi am Kader vum Weltënnergank moralesch Entscheedungen treffe mussen. A wichtege Momenter muss sech de User per Fanger-Wësch entscheeden, wat als nächst geschéie soll: Léiwer flüchten oder d'Kollege retten? Fir dës Entscheedungen ze treffen, huet ee just 7 Sekonnen Zäit.

Ma wat huet dëst Format mat Dating ze dinn? D'Decisiounen, déi wärend dem Spill geholl goufen, gi vun der App analyséiert. Op Basis vun deenen Äntwerten zitt Tinder wichteg Schlëss, fir ze kucken, ob d'Notzer opgrond vun hire moraleschen Entscheedunge beienee passen.

Konzipéiert gouf dës Iddi fir déi sougenannte Generatioun Z, also jonk Mënschen tëscht 18 a 25 Joer, déi mam Internet opgewuess sinn.

Wéi et vu "Business of Apps" heescht, benotze weltwäit 57 Millioune Mënschen dës Dating-App.