Bei der "Playing for the Planet"-Allianz hu sech vill Firmen aus der Gaming-Branche zesummegedoen, fir d'CO2-Wäerter staark ze reduzéieren.

Sony wëll sech offensichtlech méi staark fir de Klimaschutz asetzen, dat virun allem am Kader vun der "Playing for the Planet"-Allianz, där Sony och ugehéiert. Ënnert anerem déi sougenannten "System-on-a-Chip-Architektur"-Technologie, déi och schonn an der PS4 verbaut gouf, géif de Stroumverbrauch extrem reduzéieren. Hei hätt ee kéinte bis elo 16 Milliounen Tonnen un CO2 evitéieren. An de nächsten 10 Joer kéint een hei bis op 29 Milliounen Tonnen erukommen, wat den CO2-Ausstouss vun Dänemark am Joer 2017 entsprécht.

Mä och d'PS5 wäert nei Features hunn, déi de Verbrauch vum Stroum nach reduzéiere soll. Ënnert anerem wäert d'Konsol am "Rest-Mode" nach eemol vill manner Stroumen, wéi d'Virgängerkonsol. Sony huet och annoncéiert, seng Cliente besser wëllen informéieren, wéi een d'Konsole méiglechst energieeffizient asetze kéint.

Déi nei Konsol soll Enn 2020 erauskommen.