Souguer den President Emmanuel Macron huet fir dës mega Aktioun felicitéiert.

No 72 Stonnen um "Z Event", wou 55 Streamer am nämmlechte Sall fir de gudden Zweck gestreamt hunn, sinn 3,5 Milliounen Euro duerch Spenden un den "Institut Pasteur" gaangen.

Dorënner ware Streamer wéi de Squeezie, Antoine Daniel a Joueur du Grenier. Bekannte Streamer wéi den Ninja hunn och gréisser Zomme gespent.

Schonn d'lescht Joer ass duerch dësen Event 1,1 Milliounen Euro agesammelt gi fir "Médecins Sans Frontières".

Vun deenen 3,5 Milliounen Euro sinn eleng 600.000 Euro duerch de Verkaf vun T-Shirten erakomm.

Souguer de President Emmanuel Macron huet fir dës mega Aktioun felicitéiert.