Sony huet wéi gewinnt Enn des Mounts scho verroden, wat Ufank vum nächste Mount fir Spiller wäerte gratis fir Playstation Plus-Memberen zu Verfügung stinn.

Op der "State of Play" hat Sony bekannt ginn, wat fir Spiller wäerte gratis als Download Ufank Oktober bereet stoen. Nodeems jo de Release-Datum fir "The Last of Us: Part 2" annoncéiert gouf (21. Februar 2020), kréien d'Fans vum Zombie-Adventure-Shooter de Virgänger elo vum 1. Oktober un gratis als Download ugebueden. Hei dréit et sech ëm d'Remastered-Versioun vun de Last of Us 1, e Spill dat als absolute Must-Play fir Playstation-Besëtzer gëllt.

© flickr

E weidert Spill dat ee gratis nach dobäi kritt, ass d'Baseball-Spill "MLB The Show 19".

Bis de 4. November 2019 huet ee nach d'Méiglechkeet, d'Spiller gratis erofzelueden, dono kann een d'Spiller wéi gewinnt net méi gratis eroflueden. Et heescht also net ze vill träntelen an sech d'Spiller am beschten direkt sécheren, fir se dann och an Zukunft kënnen ze spillen.